Luc

LUC SIMON 07.10.1988 – 10.07.2010

Léiwen LUC Leider bass du vill ze fréi vun eis gaang, obwuel mer nach souvill fir haten wéi zb dat den David Guetta eisen Opener géif ginn 😉

 

Luc mer wäerten déi Zäit mat der bei den Nightlife dj´s ni vergessen. Mer soen der Merci ! Luc eist Ugemaults wei “AMATEUR, PÄIF, DU KENNS JO NÄISCHT, GEI WECH HEI, ECH KANN OCH GOEN…, MA DO ASS DIER !!!“ 🙂 beim Opriichten oder beim Ofriichten hot einfach dozou gehéiert. Ouni dat wa keng Stëmmung ob da Bühn an de Bal gouf näischt 🙂 Also hunn mer 4 eis ëmmer gutt u gemault . =) Jiddereen wousst dat mer eng Equipe wieren ! An jiddereen war fir jiddereen do…

 

Trotz denger schwéirer Krankheet hoss du der et nek entgoen gelooss ob all Bal wou et der erlaabt wa derbäi sënn an deck Stëmmung ze man… Och wann nek ëmmer Stëmmung um Bal wa… Mat der haten mer ëmmer Stëmmung ob da Bühn . Wann s du derbäi wars wa Stëmmung garantéiert an konnts da sécher sënn dass dat een schéinen Owend géif ginn 🙂 . Mer wäerten dech ëmmer an Erënnerung halen du waars nek einfach eisen DJ du wars einfach een gudden Kolleg! Merci Luc dat mer méi wei engt Joer konnten mat der duerch den hallwen Norden zeien, an souvill Spaass zesummen konnten hon !

Mer wäerten déi Zäit ni vergessen …